[go: nahoru, domu]

Op den Inhalt sprangen

(101955) Bennu: Ënnerscheed tëscht de Versiounen

Vu Wikipedia
Inhalt geläscht Inhalt derbäigesat
k k Numm ajustéiert
SITCK (Diskussioun | Kontributiounen)
k kat
Linn 57: Linn 57:
{{Referenzen}}
{{Referenzen}}


[[Kategorie:Apollo-Asteroiden|101955]]
[[Kategorie:Apollo-Asteroiden|Bennu]]
[[Kategorie:Asteroiden iwwer 100000|101955]]
[[Kategorie:Asteroiden iwwer 100000|Bennu]]

Versioun vum 14:05, 26. Jan. 2015

(101955) 1999 RQ36
Radar Bild opgeholl vum Arecibo-Observatoire
Orbittyp Apollo-Asteroid
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Grouss Hallefachs 1,126 A.E.
PerihelAphel 0,897 – 1,356 AE
Exzentrizitéit 0,204
Inklinatioun 6,035 Grad
Sideresch Ëmlafzäit 436,6 Deeg
Mëttel Bunnvitesse ? km/s
Physikalesch Eegeschaften
Duerchmiesser ~ 510 m
Mass ? kg
Mëttel Dicht 0.97 t/m³
Rotatiounsperiod 2,15 h
Absolut Hellegkeet 20,8 ± 0,7
Spektralklass
Entdecker LINEAR
Entdeckungsjoer 11. September 1999
Aner Bezeechnungen

Den (101955) Bennu virdrun (101955) 1999 RQ36 ass en Asteroid aus der Grupp vun den Apollo-Asteroiden. E gouf den 11. September 1999 am Kader vum LINEAR-Projet entdeckt. Säin Duerchmiesser läit bei 510 m. Den Asteroid gëtt vum Arecibo-Observatoire a vum Goldstone Deep Space Communications Complex extensiv observéiert.

Eng Studie vum Andrea Milani berechent eng Serie vu méiglechen Zesummestéiss mat der Äerd am Zäitraum vun 2169 bis 2199. D'Wahrscheinlechkeet vun engem Aschlag hänkt vun de bis elo nëmme wéineg bekannte physikaleschen Eegeschafte vum Asteroid of, läit awer ënner 0,07 %.[1] Fir prezis Date maachen ze kënnen, gouf den Asteroid vun 1999 bis 2011 observéiert, fir eng genee Virstellung vun der Beschafenheet a Struktur ze kréien an och fir d'Auswierkunge vum Jarkowski-Effet op d'Bunn besser ofschätzen ze kënnen. Sou konnt eng Dicht vun 0.97 t/m³ bei engem Gewiicht vun 62 × 10⁹ kg duerch déi gemoosse Bunnofwäichung vun 160 km bestëmmt ginn.[2]

1999 RQ36 gouf och dacks als Zil fir Raumsonden a Betruecht gezunn, sou zum Beispill fir déi geplangt OSIRIS Missioun.

De 25. Mee 2011 hat d'NASA bekannt ginn, datt bei der Missioun OSIRIS-REx den 1999 RQ36 ugeflu soll ginn[3].

Kuckt och

Portal Astronomie

Referenzen

  1. Long-term impact risk for (101955) 1999 RQ36 Authors: Andrea Milani, Steven R. Chesley, Maria Eugenia Sansaturio, Fabrizio Bernardi, Giovanni B. Valsecchi, Oscar Arratia
  2. [1] scienceticker ofgeruff de 26.5.2012
  3. NASA to Launch New Science Mission to Asteroid in 2016: http://www.nasa.gov/topics/solarsystem/features/osiris-rex.html 25. Mai 2011