Nikloskierch zu Roudemer
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Kierch Roudemer)
| ||||
---|---|---|---|---|
Uertschaft / Plaz | Roudemer | |||
Par | Regioun Iechternach Saint-Willibrord | |||
Dekanat | Osten | |||
Numm / Patréiner | Hellegen Niklos | |||
Baujoer | 1755 | |||
Koordinaten | 49° 41’ 25.0’’ N 06° 17’ 18.2’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Nikloskierch zu Roudemer ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Jonglënster gehéiert.
De Patréiner ass den hellegen Niklos, deem säi Fest de 6. Dezember gefeiert gëtt.
Si steet am Norde vun der Uertschaft an der Eschweiler Strooss, dem CR129. Virun der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.
Den 13. November 2009 gouf se mat hirem Mobiliar als nationaalt Monument klasséiert.[1]
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Parkierch vu Roudemer gouf an de Jore 1754 a 1755 am Barockstil gebaut. Déi Zäit war de Benedikt Filtz do Paschtouer.
Gebai
[änneren | Quelltext änneren]Vum Bau hier gläicht se der Kierch zu Jonglënster, där vu Käerch an där vu Munneref.
Fir ze liesen
[änneren | Quelltext änneren]- 250 Jar Parkierch vu Roudemer, 1755 - 2005: Kiermessondeg, den 22. Mee 2005 / [réd.: Denis Dimmer]. - Roudemer: Chorale Ste-Cécile, 2005 (Luxembourg: Saint-Paul). - 108 S.: ill. ; 21 cm
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Jonglënster
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Nikloskierch zu Roudemer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Parverband Nei Par Sektor Ost
- D'Fënstere vun der Kierch vu Roudemer op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).