Ben Payal
De Ben Payal, gebuer den 8. September 1988, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller.[1]
Ben Payal | |
---|---|
Gebuer |
8. September 1988 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller |
Positioun oder Spezialitéit | Mëttelfeldspiller |
Gréisst | 183 cm |
Veräin/Ekipp |
Jeunesse Esch, F91 Diddeleng, Fola Esch, Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp, FC UNA Stroossen |
Aus der Jugend vum FC Luerenzweiler ass hie mat 15 Joer an d'Jugend vun der Jeunesse Esch gewiesselt. Um 5. Spilldag vun der Saison 2005/06 koum hie bei der 0:1-Victoire[2] beim RFCU Lëtzebuerg zu sengem éischten Asaz an der Nationaldivisioun. 2007 ass hie bei den F91 Diddeleng gewiesselt, wou hie véiermol de Championstitel an zweemol de Coupegewënn konnt feieren.
2013 ass hie bei d'Fola gewiesselt a konnt an der Saison 2014/15 ee weidere Championstitel sammelen.[3] Vun der Saison 2016/17 bis 2021/22 huett de Ben Payal fir den FC UNA Stroossen gespillt.
Vum 6. September 2006 bis den 29. Mäerz 2016 huet hien 73 Lännermatcher fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[4]