Julia Holbe
lëtzebuergesch Schrëftstellerin
D'Julia Holbe, gebuer den 21. Juli 1969 [1] zu Frankfurt am Main, ass eng lëtzebuergesch Lektorin a Schrëftstellerin.
Julia Holbe | |
---|---|
Gebuer |
21. Juli 1969 Frankfurt am Main |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Goethe-Universitéit Frankfurt, Europäesch Schoul |
Aktivitéit | Schrëftsteller |
Liewen
ännerenSi ass an d'Europaschoul zu Lëtzebuerg gaangen an huet vun 1990 bis 1995 Germanistik, Romanistik an Anglistik op der Goethe Universitéit zu Frankfurt am Main studéiert. Vun 1997 bis 2016 huet si als Lektorin beim S. Fischer Verlag geschafft, wou si sech ëm Kanner- a Jugendbicher souwéi international Literatur bekëmmert huet. Zënter 2016 schafft si als Freelancelektorin a Schrëftstellerin. Hiren éischte Roman Unsere glücklichen Tage gouf am Joer 2020 verëffentlecht.
Si lieft zu Frankfurt am Main an an der Bretagne[2]. Si ass d'Duechter vum Fernsehmoderator an Auteur Rainer Holbe.
Wierk
änneren- Unsere glücklichen Tage. Roman. Penguin, München 2020, ISBN 978-3-328-60110-4