Le Chesne (Ardennes)
fréier franséisch Gemeng am Departement Ardennes
Le Chesne ass eng fréier franséisch Gemeng an den Ardennen an der Regioun Grand Est. Duerch d'Gemeng leeft de Canal des Ardennes, deen do op senger héchster Plaz tëscht dem Dall vun der Aisne (Floss) an deem vun der Bar ass.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
D'Märei, d'Kierch an d'Post | |||||
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Grand Est | ||||
Departement | Ardennes | ||||
Arrondissement | Vouziers | ||||
Kanton | Vouziers | ||||
Gemeng | Bairon et ses environs | ||||
Postcode | 08390 | ||||
Gemengecode | 08116 | ||||
Koordinaten | 49° 30’ 52’’ N 04° 45’ 54’’ O | ||||
Fläch | 2.387 ha | ||||
Bevëlkerung | 939 (1999) |
Den 1. Januar 2016 huet Le Chesne mat Louvergny a Les Alleux fusionéiert fir déi nei Gemeng Bairon et ses environs ze bilden. Déi fréier Gemenge sinn alleguer delegéiert Gemengen an der neier Struktur.
Nopeschgemengen
ännerenKuckeswäertes
änneren- De Séi vu Bairon, deen als Waasserreservoir ugeluecht gouf fir de Bief de partage vum Canal des Ardennes ze fidderen.
Persounen déi mat der Gemeng ze dinn hunn
änneren- De Generol de Mecquenem, gebuer 1808 zu Le Chesne.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Le Chesne (Ardennes) – Biller, Videoen oder Audiodateien |