Neil Armstrong
Den Neil Alden Armstrong, gebuer de 5. August 1930 bei Wapakoneta, Ohio a gestuerwen de 25. August 2012 zu Columbus, war en US-amerikaneschen Testpilot an Astronaut. Den 21. Juli 1969 hat hien als éischte Mënsch de Buedem vum Mound betrueden.
Neil Armstrong | |
---|---|
Gebuertsnumm | Neil Alden Armstrong |
Gebuer |
5. August 1930 Wapakoneta |
Gestuerwen |
25. August 2012 Cincinnati |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Universitéit vu Südkalifornien |
Aktivitéit | Testpilot, Universitéitsprofesser, Astronaut |
Member vun | National Academy of Engineering |
Famill | |
Bestuet mat | Janet Shearon |
Papp | Stephen Koenig Armstrong |
Mamm | Viola Louise Engel |
Liewen
ännerenJugend an Ausbildung
ännerenDen Neil Armstrong koum 1930 op enger Farm, zéng Kilometer vu Wapakoneta am Ohio ewech, op d'Welt. Säi Papp Stephen war staatleche Rechnungspréifer, d'Mamm Viola war Hausfra. Ee vu sengen Urgrousspäpp huet vu Ladbergen (Nordrhein-Westfalen) gestaamt. Zanter senger Jugend, wou hie Scout bei de Boy Scouts of America war, hat hie sech fir d'Fligerei intresséiert. Hien huet Modellfliger gebastelt an hat scho mat 17 Joer eng Pilotelizenz. No der High School krut hien 1947 vun der US-Marinn e Stipendium fir op der Purdue University e Studium fir Fligeringenieur ze maachen. No dräi Semester huet d'Navy hien am Januar 1949 agezunn an a Florida geschéckt. Zu Pensacola gouf hien zum Kampfpilot ausgebilt.
Vun 1950 un war den Armstrong am Koreakrich dobäi. Hien huet zum Fighter Squadron 51 (VF-51) gehéiert a war mat 20 Joer de jéngste Member vun der Eenheet, déi um Fligerdréier USS Essex stationéiert war. Vun do ass hie mat engem F9F „Panther“ am Ganzen 78 Asätz geflunn. Den 3. September 1951 gouf säi Fliger am Déiffluch duerch e Seel, dat iwwer engem Dall gespant war, beschiedegt. En Deel vum Flillek gouf dobäi ofgeschnidden, soudatt eng normal Landung net méi méiglech war. Mam Schleidersëtz huet hie sech du gerett.
Am Fréijoer 1952 koum den Armstrong vu sengem Krichasaz nees zeréck an Amerika an huet d'Navy nach am selwechte Joer verlooss. Hien ass mam Studium op der Purdue University weidegefuer a krut am Januar 1955 de Bachelor an der Loftfaarttechnik. Du gouf hien Testpilot beim National Advisory Committee for Aeronautics (NACA), dem Virleefer vun der NASA, an am Summer 1955 krut en och eng Plaz als Testpilot bei der High-Speed Flight Station (HSFS) zu Los Angeles.
Bei der HSFS test den Armstrong (nieft villen anere Fligertyppen) och d'Rakéitefliger Bell X-1 an North American X-15. Zéng Joer nodeem den Chuck Yeager mat der X-1 fir d'éischt d'Schallmauer duerchbrach hat, ass den Armstrong mat der „Glamorous Glennis“ geflunn. Am November 1960 hat hie säin éischte Fluch op der X-15. Déi héchst Vitess, déi hien op dëser Maschinn erreecht hat, war Mach 5,74 (6419 km/h) am Juli 1962. Ausserdeem war den Armstrong tëscht November 1960 bis zu sengem Wiessel an de Raumfaartprogramm 1962 als Pilot fir d'X-20 virgesinn. Donieft hat den Neil Armstrong Coursen op der Universitéit vu Südkalifornien iwwer Héichvitessfliger gehalen.
Am Juni 1958 hat den Armstrong schonn zu den neien Testpilote vun der US-Loftwaff fir de Projet „Man In Space Soonest“ (MISS), der éischter US-amerikanescher Astronautegrupp gehéiert. De MISS-Projet gouf kuerz drop ofgesot, wéi d'NASA gegrënnt gouf an all Aktivitéite vun der US-amerikanescher Weltraumfaart iwwerholl huet.
NASA-Zäit
ännerenFir déi éischt Astronautegrupp (Mercury Seven), déi vun der NASA ausgewielt gouf, koum den Armstrong net a Fro, well hien zu deem Zäitpunkt Zivilist war an nëmme Leit vun der Arméi fir déi Grupp a Fro koumen.
Bei der zweeter Astronautegrupp koum hien awer zum Zuch a gouf de 17. September 1962 mat aacht anere Raumfuererkandidaten der Ëffentlechkeet virgestallt. An der éischter Zäit als Astronaut hat hie fir de Gemini-Programm d'Spezialgebitt vun de Simulatoren iwwerholl.
Asaz am Gemini-Programm
ännerenAm Februar 1965 gouf den Armstrong als Ersatzmann fir de Gordon Cooper zum Missiounskommandant vun der Gemini 5 ernannt. Hie koum net zum Asaz, war awer Koordinatiounsspriecher (Capcom). Nom Ofschloss vun deem Fluch gouf hien als Kommandant vum Fluch Gemini 8 nominéiert, deen de 17. Mäerz 1966 ugefaangen hat. Den Armstrong war domat ee vun de wéinegen Astronauten, deem d'NASA scho beim éischte Raumfluch e Kommando iwwerdroen hat. Wärend där Missioun hat hien a säi Pilot David Scott fir d'éischt Kéier zwee Raumgefierer am All uneneegekoppelt. Gemini 8 koum zwar staark un d'Wackelen, mä den Armstrong krut d'Lag nees ënner Kontroll, d'Missioun gouf doropshi gekierzt.
No der Landung gouf den Armstrong als Ersatzkommandant fir de Fluch Gemini 11 am September 1966 agedeelt. Bei der Missioun Gemini 9 am Juni 1966 war den Armstrong nees Capcom.
Crew-Andeelung am Apollo-Programm
ännerenWell den Armstrong nach am Gemini-Programm agebonne war, konnt hien net zu de sechs Kommandante fir déi éischt Apollo-Flich nominéiert ginn. Eréischt no der Katastrooh vun Apollo 1 an dem Doud vum Gus Grissom am Januar 1967 war hien nogeréckelt a gouf am November 1967 zum Ersatzkommandant vum drëtte bemannten Apollo-Fluch nominéiert. Domat hat hie grouss Chancen, beim sechste Fluch de Kommandant ze sinn. Well et deemools nach net kloer war, wéi vill Apollo-Testflich noutwendeg wieren, stoung domat och nach net fest, ob dat e Fluch mat enger Moundlandung gi soll. Déi éischt Moundlandung war fréiestens fir déi fënneft bemannt Missioun virgesinn.
Retarde bei der Entwécklung vun der Moundlandefär hunn am Summer 1968 zu enger Ännerung vun den Apollo-Flich gefouert: den drëtte bemannten Testfluch (Missioun E) gouf gestrach, amplaz gouf e Moundfluch ouni Moundfär tëscht dem éischten an zweeten Testfluch (Missiounen C an D) agesat, deen ënner der Bezeechnung Apollo 8 gemaach gouf. Den Armstrong gouf Ersatzkommandant fir den éischte bemannte Fluch op de Mound. D'Ersatzcrew gouf als Haaptmannschaft fir den drëttnächste Fluch, Apollo 11 agedeelt. Bei engem Erfolleg vun den nächste béide Flich Apollo 9 an Apollo 10 war deen als éischte Versuch vun enger bemannter Moundlandung virgesinn.
D'Nominéierung vum Armstrong als éischte Mënsch, dee säi Fouss op d'Mounduewerfläch setze sollt, war also net vu laanger Hand virbereet. Wéi hie selwer schonn 1966 an engem Interview gesot hat: wien dëse Mënsch ass, dat entscheet eng Aart glécklechen Ëmstand ("who the person is is sort of happenstance"). D'Ëmännerung vun Apollo 8, den Erfolleg vun Apollo 9 an Apollo 10 an och den Doud vum Grissom haten dobäi eng Roll gespillt.
D'Moundlandung
ännerenBei engem Training fir d'Moundlandung, de 6. Mee 1968 ass den Armstrong, wéi e mat engem Moundlandungstrainingsinstrument (Lunar Landing Training Vehicle) erofgefall ass, knapps dem Doud entwutscht. Bei der Moundlandung mat sengem Kolleeg Buzz Aldrin, den 20. Juli 1969, huet hien déi manuell Steierung vun der Moundlandefär Eagle iwwerholl an huet de Lander vun de Fielsen ewech an op eng sécher Landung, um 21:17 Auer (UTC), bruecht. Seng éischt Wierder vum Mound un d'Buedemstatioun waren: "Houston, Tranquility Base here. The Eagle has landed." Sechs Stonne méi spéit ass hien an de fréie Mueresstonne vum 21. Juli aus der Moundlandefär geklommen. Prezis um 02:56:20 Auer (UTC) ass den Neil Armstrong als éischte Mënsch op d'Mounduewerfläch getrëppelt. De Saz, deen e beim Optrëtt um Mound sot, gouf weltberüümt:
- That's one small step for man… one… giant leap for mankind. ( lauschteren ? / i)(iwwersat: "Dëst ass e klenge Schrëtt fir [e] Mënsch, [ma] e risege Sprong fir d'Mënschheet").
Fir seng Leeschtung krut den Armstrong 1969 d'Presidential Medal of Freedom.
D'Liewen no Apollo
änneren1970 avancéiert den Armstrong zum stellvertriedende Leeder vum Washingtoner NASA-Aeronautikbüro. Am gläiche Joer krut hien och de Master a Loft- a Raumfaarttechnik op der University of Southern California an en Éierendoktor an Ingenieurswëssenschafte vun der Purdue Universitéit. 1971 hat hien d'NASA verlooss. Hien huet dann vun 1971 bis 1979 als Professer fir Loft- a Raumfaarttechnik op der University of Cincinnati geléiert. Duerno ass hien an d'Wirtschaft gewiesselt, wou hien Opsiichtsrotsmandater a Managementsplaze krut. Duerch Grënnung vun e puer Firme gouf hie Millionär. Vun 1985 bis 1986 war den Armstrong an der nationaler Kommissioun fir Raumfaart a gouf 1986 als zweete Virsëtzende an d'Ënnersichkommissioun vun der Challenger-Katastroph geruff. 1989 ass hien der Direktioun vun Thiokol, dem Hiersteller vun de Feststoffbooster vum Space Shuttle, bäigetrueden.
De 7. August 2012 goufe véier Blockaden an den Häerzkranzgefässen festgestallt, déi direkt Bypäss-Operatiounen néideg gemaach hunn.[1],[2],[3] Den Neil Amstrong ass de 25. August 2012 un de Follge vun där Operatioun gestuerwen.
Eegenheeten a Rekorder
ännerenÉierungen
ännerenDen Armstrong krut als éischten Astronaut d'Congressional Space Medal of Honor. 1969 krut hien d'Fräiheetsmedail („The Presidential Medal of Freedom“), déi héchst zivil Auszeechnung an den USA.
Am Joer 1979 gouf hien als drëtte Raumfuerer an d'National Aviation Hall of Fame opgeholl.
D'Universitéit vu Südkalifornien huet him 2005 den Éierendoktortitel zougesprach.
Kuckt och
ännerenLiteratur
änneren- James R. Hansen: First Man: The Life of Neil A. Armstrong. Simon & Schuster, 2005, ISBN 0-7432-5631-X
Um Spaweck
ännerenCommons: Neil Armstrong – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiquote: Neil Armstrong – Zitater |
- Dossier bei Spiegel Online
- (en) NASA: Biographie
- NASA: Transkript vun der Apollo-11-Missioun
Referenzen
änneren- ↑ christianpost.com 8. August 2012: Neil Armstrong Bypass Heart Surgery Successful After 4 Blockages Found on Coronary Arteries
- ↑ plus.google.com: A statement from the NASA Administrator regarding Neil Armstrong's recovery from cardiac bypass surgery
- ↑ Neil Armstrong, First Man on Moon, Dies at 82, The New York Times, 25. August 2012.