Taillette
franséisch Gemeng am Departement Ardennes
Taillette ass eng franséisch Gemeng an den Ardennen an der Regioun Grand Est.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Grand Est | ||||
Departement | Ardennes | ||||
Arrondissement | Charleville-Mézières | ||||
Kanton | Rocroi | ||||
Postcode | 08230 | ||||
Gemengecode | 08436 | ||||
Koordinaten | 49° 55’ 53’’ N 04° 29’ 14’’ O | ||||
Fläch | 1 525 ha | ||||
Bevëlkerung | 367 (2008) |
Wéi 2011 de Parc naturel régional des Ardennes entstanen ass, war Taillette eng vun de Grënnungsgemengen.
Geschicht
ännerenD'Gemeng Taillette gouf 1841 gegrënnt, doduerch datt Rocroi e Batz ofgeknäppt krut.
Am Zweete Weltkrich koum et zu Taillette zu engem trageschen Accident. Zwéin Halifaxbomberen ware sech onglécklecherweis ze no komm, sou datt se sech ze pake kruten an doropshin erofgefall sinn, woubäi véierzéng Mann d'Liewe verluer hunn.
Um Spaweck
ännerenCommons: Taillette – Biller, Videoen oder Audiodateien |