[go: nahoru, domu]

Op den Inhalt sprangen

Orion (Mythologie)

Vu Wikipedia
Versioun vum 14:52, 18. Jun. 2013 vum Soued031 (Diskussioun | Kontributiounen) (→‎Mythos: cf. ortho, replaced: mee → mä (3) using AWB).
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Figur vom Orion aus der griichescher Mythologie. Fir aner Bedeitunge, kuckt w.e.g. Orion.
Orionkonstellatioun

Den Orion war an der griichescher Mythologie e grousse Jeeër aus Böotien. Bei der Juegd gouf hie vu senge Juegdhënn Sirius a Procyon begleet, déi och am Himmel ronderëm säi Stäerebild ëmginn. Wou en hirkënnt ass voller Widderspréch: heiansdo ass hien de Jong vum Poseidon an der Gorgon Euryale, heinsdo huet e gläich dräi Pappen, nämlech de Poseidon, den Zeus an een Drëtten (Hermes oder Ares). Allen dräi sollen hire Som an engem Sak aus der Haut vun engem Stéier gemëscht hunn. Vum Zeus huet en dohier seng Begeeschterung fir erotesch Aventuren, a vum Poseidon d'Fähegkeet iwwert d'Waasser ze goen.

Seng Fra Side gouf vun der Hera an den Tartaros erofgestouss, well si zevill houfreg op hir Schéinheet war.

Mythos

An der Seechen ëm den Oenopion, de Jong vum Wäigott Dionysos, huet den Orion sech a seng Duechter Merope verléift, mä den Oenopion war mat enger Hochzäit net averstanen. Voller Roserei huet den Orion d'Merope vergewaltegt, woufir den Oenopion him d'Aan ausstieche gelooss huet, nodeems en hie mat Wäin voll gemaach hat. Den Hephaistos huet der Eos, der Gëttin vun der Aurora, erméiglecht, dem Orion seng Séikraaft nees hirzestellen, andeems hien de Schmadd Cedalion geschéckt huet, fir den Orion zum Sonnenopgang ze féieren. Den Orion huet geschwuer, sech um Oenopion ze rächen, mä den Hephaistos huet dësem gehollef, an hien ënnerierdesch verstoppt, sou datt den Orion hien net fanne konnt. Fir der Eos e Gefalen ze maachen, huet den Orion sech op der Insel Delos néiergelooss. D'Eos huet sech an hie verléift, wouropshinn den Orion vun der Artemis mat Pfeiler ëmbruecht gëtt, well si jalous ass. Spéider bereit d'Artemis dës Dot, a setzt de Jeeër Orion als Stäerebild an den Himmel, wou en nach haut hannert de schéine Plejaden hir ass - d'Plejade ginn als Siiwegestier kuerz virum Orion erop an erof.

Eng aner Geschicht erzielt vum Orion als iwweräifrege Jeeër, deen all wëll Déiere vum Äerdkrees ëmbrénge wollt. D'Gaia (d'Äerd selwer) oder d'Artemis hunn doropshin e Skorioun erfirbruecht, deen den Orion ëmbruecht huet. Den Heeler Asklepios huet ëmsoss versicht, hien ze retten. De Skorpioun an den Orion ginn als Stäerebiller an den Himmel versat, wou si sech ëmmer nach joen, dem Orion säi Stäerebild ass an de Wanterméint ze gesinn, de Skorpioun zu der Summerzäit, mä déi zwéin quasi ni zum selwechten Zäitpunkt. Och den Asklepios gëtt als Stäerebild Schlaangendréier an den Himmel versat. Fir aner Variante vu sengem Doud, kuckt och den Artikel zu der Artemis.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.
Commons: Orion (mythology) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Schabloun:Link FA