António Cardoso e Cunha
António Cardoso e Cunha | |
---|---|
Gebuer |
28. Januar 1933 Leiria |
Gestuerwen | 24. Januar 2021 |
Nationalitéit | Portugal |
Aktivitéit | Politiker, Ingenieur |
Partei | Partido Social Democrata |
Den António Cardoso e Cunha, gebuer den 28. Januar 1933 zu Leiria, a gestuerwen de 24. Januar 2021, war e portugisesche Ingenieur an der Chimie a Politiker.
1978 war hien eng Woch laang, vum 7. bis de 15. September Staatssekretär fir den Aussenhandel (Regierung Nobre da Costa). Vun 1979 bis 1980 war hie Staatssekretär fir industriell Erneierung (Regierungen Nobre da Costa, Mota Pinto a Pintassilgo), a gouf dann, bis 1981, Minister fir Landwirtschaft a Fëscherei (Regierunge Sá Carneiro a Pinto Balsemão).
1986 gouf hien, ënner der Presidence vum Jacques Delors, zum éischte portugiseschen Europa-Kommissär ernannt. Vun 1986 bis 1989 war hien zoustänneg fir d'Fëschereipolitik (Kommissioun Delors I), a vun 1989 bis 1993 fir Energie, Euratom, Tourismus, Kleng- a Mëttelbetriber, a Kommissiounsintern fir Personal, Verwaltung an den Iwwersetzerservice (Delors II.)
1997 war e Generalkommissär vun der Expo98 zu Lissabon. Säi leschte Poste war dee vum President vum Verwaltungsrot vun der Fluchgesellschaft TAP (bis 2004).
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: António Cardoso e Cunha – Biller, Videoen oder Audiodateien |