[go: nahoru, domu]

Op den Inhalt sprangen

Florent de Berlaymont

Vu Wikipedia

De Florent oder Floris[1][2] de Berlaymont, gebuer ëm 1550 a gestuerwen den 3. Abrëll 1626[3], war, an der Zäit vum Achtzegjärege Krich, Grof vu Lalaing[1][4] a Berlaymont[3][4], a Gouverneur vun Namouer[2] Artois[4], Geldern-Zutphen a Lëtzebeurg[3]. Hie war Ritter vum Gëllene Vlies.

De Florent war de Jong vum Charles de Berlaymont an der Adrienne de Ligne Barbançon, an de Brudder vum Gilles a vum Claude de Berlaymont. 1576 huet hien eng kuerz Zäit zu den Hollänner gehalen, ma huet sech séier nees um Kinnek Felipe II. seng Säit geschloen. 1579 gouf hien zum Gouverneur vun Namouer ernannt, als Nofoger vu sengem Brudder Gilles, deen den 18. Juni bei der Belagerung vu Maastricht ëm d'Liewe komm war.

Den Titel Grof vu Berlaymont huet de Florent 1578 vu sengem Papp gëierft. Duerch säi Bestietnes mat der Marguerite de Lalaing, der eenzeger Duechter vum Philippe de Lalaing an der Marguerite de Ligne, huet hien 1582 och den Titel Grof vu Lalaing gëierft. De Florent an d'Margréit de Lalaing kruten eng Duechter, d'Marguerite de Berlaymont, déi spéiderhin de Louis d'Egmont, Prënz vu Gavere (†1654) bestuede sollt.[3] Seng Fra soll sech éischter fir aner Männer wéi fir hien intresséiert hunn.[4]

Wéi 1587 och säin anere Brudder, Claude, gestuerwen ass, gouf de Florent och Gouverneur vu Geldern-Zutphen.[5] 1604 dann ass de Florent dem verstuerwene Péiter Ernest I. vu Mansfeld als Gouverneur vu Lëtzebeurg nogefollegt.

1625, géint der Enn vu sengem Liewen, huet hie seng Zoustëmmung ginn, datt seng Fra eng reliéis Stëftung opriichte géif, fir Meedercher z'erzéien.[6] Dëst Klouschter vun den Dames de Berlaymont stoung ufanks direkt bei der Bréisseler Kathedral, ma ass an de Jorhonnerten dono e puermol geplënnert. Vun 1864 bis 1962 stoung et do, wou, wéi et opgerappt gouf, an d'Plaz d'Berlaymont-Gebai koum, de Sëtz vun der Europäescher Kommissioun.

Zu Lëtzebuerg krut de Fort Berlaymont (deen do stoung, wou haut d'Fondation Pescatore ass), säin Numm.[7]

Referenzen

  1. 1,0 1,1 A. van der Lem, Berlaymont, Charles, graaf van. De Tachtigjarige Oorlog (Universiteit Leiden).
  2. 2,0 2,1 U. Emmius, Willem Lodewijk, graaf van Nassau (1560-1620): stadhouder van Friesland, Groningen en Drenthe (1994) 153.
  3. 3,0 3,1 3,2 3,3 P. Jodogne, Entre Italie et Pays-Bas méridionaux: le "Libro de memoria" de la famille Cassina (1576-1650) (2002) 215.
  4. 4,0 4,1 4,2 4,3 J. Israel, Conflicts of empires: Spain, the low countries and the struggle for world supremacy, 1585-1713 (1997) 12-13.
  5. J.F.J. van den Broek, Voor god en mijn koning: het verslag van kolonel Francisco Verdugo over zijn jaren als legerleider en gouverneur namens Filips II in Stad en Lande van Groningen, Drenthe, Friesland, Overijssel en Lingen (1581-1595) (2009) 180.
  6. Th. Demey (2007), Bruxelles, capitale de l'Europe, Brussel, Badeaux, S.226-233
  7. "Forts Berlaymont et Lambert." Dépliant vun de Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg (FFGL) A.s.b.l.