[go: nahoru, domu]

Op den Inhalt sprangen

Luxair

Vu Wikipedia
Luxair
Grënnungsdatum 21. Oktober 1961
Sëtz Mënsbech
President Giovanni Giallombardo
Generaldirekter Gilles Feith
Mataarbechter 3.163
  (2023)
  ()
Branche Aviatioun
RCS B4109
Homepage http://www.luxair.lu/

D'Luxair (IATA-Code LG, ICAO-Code LGL), mam ganzen Numm Luxair, Société luxembourgeoise de navigation aérienne S.A.[1], ass eng lëtzebuergesch Fluchgesellschaft. Hir Heemechtsbasis ass de Fluchhafe Lëtzebuerg.

1948 gouf d'Luxembourg Airlines Company gegrënnt an der Gesellschaft hiren éischte Fluch goung am Februar 1948 vu Lëtzebuerg op Paräis. D'Gesellschaft ass 1961 a Luxair - Société luxembourgeoise de navigation aérienne ëmgenannt ginn an 1962 huet déi nei Gesellschaft mat de Fluch-Operatiounen ugefaangen.

De Generaldirekter vun der Gesellschaft ass zanter dem 12. Mee 2020 de Gilles Feith deen déi Plaz vum Adrien Ney iwwerholl hat, wéi deen no 15 Joer un der Spëtzt vun der Luxair am Juni 2020 an d'Pensioun gaangen ass[2][3].

D'Ufanksjoren (1948-1960)

[änneren | Quelltext änneren]

Um Enn vun den 1950er Jore gouf Lëtzebuerg, ee vun de Grënnungsstaate vun der Europäescher Gemeinschaft, zum (virleefege) Sëtz vu verschiddene wichtegen europäeschen Institutiounen ausgewielt. Déi Ëmstänn hunn eng ëmmer méi grouss Nofro no effikasse Loftverbindungen tëscht Lëtzebuerg an aneren europäeschen Haaptstied mat sech bruecht.

D'Douglas DC-3 um Findel (ëm 1950)

Den 9. Januar 1948 gouf d'Luxembourg Airlines Company (oder Société luxembourgeoise de navigation aérienne) gegrënnt. Den Haaptaktionär war mat 60 % d'Scottish Aviation an do dernieft de Lëtzebuerger Staat, d'BIL a verschidde Privatpersounen.

Den éischte Fluch vun der Gesellschaft ass den 3. Februar 1948 mat enger Douglas DC-3 (Immatrikulatioun LX-LAA) op Paräis-Le Bourget geflunn. Déi aner Destinatiounen, déi ugeflu goufen, waren Zürech, Frankfurt/Main a London.[4][5]

Uganks vun den 1950er Joren ass déi ekonomesch Lag méi schlecht ginn an d'Gesellschaft huet just nach den Handling gemaach. Scottish Aviation huet hir Participatioun un d'US-amerikanesch Firma Seaboard & Western verkaaft an et koumen doropshi Pläng op, fir Transatlantikflich duerchzeféieren. Well awer kee Loftfaart-Ofkommes bestoung, ass näischt aus de Pläng ginn. Luxembourg Airlines huet sech dunn eng Curtiss C-46 organiséiert déi s'u Seaboard & Western verlount huet. Mat där Maschinn goufe Gidder aus ganz Europa op Lëtzebuerg geflunn, sinn do an DC-4 Fligere vu Seaboard & Western ëmgelueden an dunn an Amerika transportéiert ginn.[5]

D'Fokker F27 (PH-NVP) als Prototyp am Fokker-Wierk (1956)

D'Gesellschaft ass den 21. Oktober 1961 a Luxair - Société luxembourgeoise de navigation aérienne ëmgenannt ginn an d'Kapital ass vu 6 op 20 Millioune Frang eropgesat ginn. Enn Mäerz 1962 huet d'Gesellschaft hiren éischte Fliger kritt – eng Fokker F-27 (PH-NVF) déi se bei der Fokker-Gesellschaft gelount huet – a se huet mat de Fluch-Operatiounen ugefaangen. Zur selwechter Zäit goufen dräi Fokker F-27 (LX-LGA, -LGB an -LGD) bestallt an déi éischt gouf de 7. Mee 1963 geliwwert; se gouf op den Numm „Prince Henri“ gedeeft. Déi zwou aner Maschinne goufen de 26. Februar 1965 (LX-LGB, „Prince Jean“) an am September 1967 (LX-LGD, „Princesse Margaretha“) geliwwert. Mat der leschtgenannter Maschinn sinn daagsiwwer Passagéier geflu ginn an nuets gouf Courrier transportéiert.[6]

1962 huet d'Luxair en éischten Accord mat der südafrikanescher Trek Airways ofgeschloss, wat méi spéit zu der Luxavia Joint Venture gefouert huet.

Nieft hiren dräi Fokker F-27 Friendship hat d'Gesellschaft tëscht Abrëll 1966 an Dezember 1968 nach eng Vickers Viscount (LX-LGC) gelount. D'Linn vu Lëtzebuerg op Nice gouf 1964 op Palma de Mallorca a méi spéit bis op Barcelona verlängert[7]. Mat der Zäit goufen déi Fligeren duerch Typpe vu Boeing an Embraer ersat.

Der Luxair hir éischt Boeing LX-LGH „Prince Guillaume“ (1978)

Fir d'Vakanzeflich gouf 1968 LuxairTours an d'Liewe geruff.[8]

1970 war d'Luxair engersäits eng vun de Gesellschaften, déi d'Cargolux gegrënnt hunn an anersäits huet se hir éischten Jet, eng Aérospatiale Caravelle (LX-LGE) kritt. Zwee aner Fligere vun deem Typ koumen nach no (LX-LGF an LGG). Et gouf du méiglech op nei Destinatiounen (Tunis, Monastir, Roum, Ibiza, Dubrovnik, Teneriffa a Las Palmas) ze fléien.[8]

1975 koum der Luxair hir Bordzäitschrëft Flydoscope fir d'éischt Kéier eraus[9].

Den 2. Dezember 1977 ass fir d'Luxair mam Kaf vun hirer éischter Boeing 737-200 Advanced eng nei Ära ugaangen. De Fliger krut d'Immatrikulatioun LX-LGH a gouf den 18. Dezember, vum deemolege Prënz Henri um Findel op den Numm „Prince Guillaume“ gedeeft. De selwechten Nomëtteg gouf d'Maschinn festlech mat Livesendung op RTL Télé Lëtzebuerg an de Linnendéngscht opgeholl an ass op Malaga geflunn. En zweete Fliger vum selwechten Typ koum den 30. Abrëll 1978 um Findel un a krut den Numm „Princesse Marie-Astrid“. Béid Fligeren haten eng Kapazitéit vun 120 Plazen a sinn haaptsächlech op d'Vakanzendestinatiounen am Mëttelmier, op d'Kanaresch Inselen an a Griicheland geflunn.[10] Fir de Reseau kënnen ze vergréisseren, gouf vun 1988 bis 1992 eng zousätzlech Boeing 737-200 (LX-LGN) bei der belscher Sobelair gelount[11].

Fir nei europäesch Stied an hire Reseau opzehuelen (Salzburg, Kopenhagen, Genève), huet d'Luxair zwou Occasiounsmaschinne vum Typ Fokker F-27 Friendship vun der papua-neuguineeëscher Air Niugini kaaft. Déi zwou Maschinne sinn den 23. Juni 1984 zu Lëtzebuerg gelant a kruten do d'Immatrikulatioun LX-LGJ an -LGK.[12]

Den 23. Mäerz 1978 gouf d'Filial Luxair Executive gegrënnt[13], eng S.A. déi sech mat enger Cessna Golde Eagle (LX-ETA) op Lofttaxi-Flich bannent Europa fir eng Geschäftsclientèle spezialiséiert huet.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Luxair Executive.

Am Juni 1986 gouf eng aner S.A. gegrënnt, d'Luxair Commuter[14], déi drop spezialiséiert war, fir Fligeren ze verlounen.

D'Fokker 50 LX-LGB um Findel (1992)

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Luxair Commuter.

1988 huet d'Luxair véier nei Fokker F-50 bestallt, fir déi al F-27 z'ersetzen. Déi zwou éischt goufen den 3. November (LX-LGC, „Prince Guillaume“) an de 6. Dezember 1989 (LX-LGD, „Prince Félix“) geliwwert, déi drëtt (LX-LGE, „Prince Louis“) ass den 30. Mäerz 1990 ukomm an déi lescht (LX-LGB) den 18. Juni 1991.[15]

Uganks vun den 1990er Jore goufen d'Boeing 737-200 mat méi engem grousse Modell, dem 737-400 (mat 165 Plazen) ersat. Déi éischt Maschinn (LX-LGF, „Château de Vianden“) ass den 21. Februar 1992 ukomm an déi zweet (LX-LGG, „Château de Bourscheid“) e gutt Joer méi spéit, de 27. Mäerz 1993. Se goufen allebéid op de Vakanzendestinatioune vu LuxairTours agesat. Zwou méi kleng Boeing-Maschinnen (737-500), mat 121 Plazen, huet d'Luxair vu Mäerz 1993 un agesat. Se hunn hiren Déngscht bis Dezember 2006 (LX-LGO) an August 2010 (LX-LGP) geleescht.[16]

Fir nees zousätzlech Destinatiounen am Programm kënnen opzehuelen, goufen am August 1995 zwou Boeing 737-500 geleaset (LX-LGR, „Château de Beaufort“ an LX-LGS „Château de Schengen“); se bloufe bis 2000 an der Luxair-Flott. Tëscht Mäerz 2001 an Abrëll 2005 war nach eng aner geleasete 737-500 fir d'Luxair ënnerwee (LX-LGN).[16]

D'Embraer ERJ-145EP „Eurojet“ (LX-LGT) ee Mount no hirer Ausliwwerung, zu Frankfurt (1998)

Vun Enn 1995 bis uganks 1999 huet d'Luxair hir Boeing 737-4C9 (LX-LGF) un déi belsch Sobelair verlount, wou se mat der LX-Immatrikulatioun awer a Sobelair-Faarwe geflunn ass.[17]

An der Mëtt vun den 1990er Jore goufe beim brasilianesche Constructeur Embraer am Ganzen 9 Jets vum Typ Embraer ERJ-145 mat 49 Sëtzplaze bestallt fir s'op den europäesche Kuerzstrecken anzesetzen. D'Luxair huet hinnen de Spëtznumm „Eurojet“ ginn. Et goufen deemno geliwwert: LX-LGT, „Princesse Alexandra“ de 25. August 1998 an LX-LGTU „Prince Sébastien“ de 7. Oktober 1998. Duerno koumen noeneen: LX-LGV (22.04.1999), LX-LGW (20.05.1999), LX-LGX (26.06.1999), LX-LGY (30.03.2000), LX-LGZ (08.05.2000), LX-LGI (12.01.2001) an LX-LGJ (13.03.2001) déi alleguer net „gedeeft“ goufen.[18]

D'Boeing 767 (OO-CTR) vun der Ansett Australia (2001), déi am Joer 1999 ënner City Bird fir d'Luxair geflunn ass

Am Fréijoer 1999 gouf mat Newark am New Jersey, eng nei Transatlantikstreck mat 4 Flich an der Woch an d'Streckennetz vun der nationaler Fluchgesellschaft opgeholl. Déi Decisioun koum zustanen, nodeems d'Icelandair hire Réckzuch vum Findel ugekënnegt hat. Op der Streck gouf eng Boeing 767-33AER (OO-CTR) agesat, déi bei der belscher City Bird gelount gouf. No 31 Woche war de Leasingskontrakt ofgelaf, an d'Linn tëscht Lëtzebuerg an New York ass mat engem Netto-Verloscht vu ronn 10,5 Mio Euro definitiv zougemaach ginn.[19]

2005 huet d'Luxair sech zwou méi kleng Embraer (ERJ 135) mat 37 Plazen ugeschaaft, se kruten d'Immatrikulatiounen LX-LGK an -LGL. Déi leschtgenannt war iwwregens den 900. Embraer-Jet deen ausgeliwwert gouf.[20] De 6. Mäerz 2005 war de leschte Fokker-Fluch fir d'Luxair (Lëtzebuerg - Saarbrécken - München an zeréck mat der LX-LGE).[21].

Déi fonkelnei Boeing 737-700 (LX-LGQ)

Als Ersatz fir déi zwou Boeing 737-400 déi verkaaft goufen (LX-LGF an -LGG), sinn dräi fuschnei Boeing 737-700 mat 141 Plazen an enger Autonomie vu 4.800 km ugeschaaft ginn. Se kruten all e Winglet (eng Verlängerung vum Flillek) fir manner Sprit ze verbrauchen. Se goufen de 17. Februar 2004 (LX-LGQ, „Château de Berg“), de 25. Mäerz 2004 (LX-LGR, „Château de Fischbach“) an déi lescht den 21. Januar 2005 (LX-LGS, „Château de Senningen“) geliwwert. Allen dräi waren s'op de LuxairTours Destinatiounen Egypten, Tierkei, Tunesien, Balearen a Kanaren am Asaz.[22]

Fir datt s'op kuerze Strecke méi rentabel fléie kéint, huet d'Luxair am Summer 2006 bei Bombardier (haut: De Havilland Canada) dräi modern Propellerfligeren vum Typ Q400 (Dash-8 genannt) bestallt. Déi éischt Maschinn (am „neien“ Luxair Layout) war d'LX-LGA, déi den 31. Mee 2007 um Findel gelant ass. Déi aner zwou Maschinne koumen de 16. Juni (LX-LGC) an de 5. September 2007 (LX-LGD) un. Se goufen op de Linne fir op Paräis, Frankfurt, Hamburg, Berlin, London, Mailand, Dublin, Kopenhagen, Stockholm, Wien a vereenzelt och fir op Palma agesat.[23]

Zanter 2009 ass d'Luxair Partner bei der Lufthansa hirem Miles & More-Programm.

Et goufen nach zousätzlech Q400 bestallt, dës Kéier vun der neier Generatioun (Q400NextGen), mat engem ugepassten Interieur a virun allem engem reduzéierte Spritverbrauch. Et waren dëst: LX-LGE (geliwwert den 19.12.2009), LX-LGF (04.02.2011), LX-LGG (28.08.2012), LX-LGH (04.10.2012), LX-LGM (18.11.2012) an LX-LGN (04.12.2012).[24]

Wéinst neien héije Verloschter war d'Luxair gezwongen, d'Zuel vun hire Fligeren an Destinatiounen 2011 ze reduzéieren[25]. Déi zwou Embraer ERJ 135s goufen ausgemustert an d'Verbindunge mat Prag an Dublin goufen annuléiert[26].

D'Boeing 737-800 vun der XL Airways Germany (D-AXLK) am Luxair-Look

Fir d'Summersaison 2012 huet d'Luxair eng Boeing 737-800 bei der XL Airways Germany gelount fir domat op Vakanzendestinatiounen ze fléien; si ass an de Luxair-Faarwen awer mat der däitscher Immatrikulatioun D-AXLK geflunn. An den dräi Summersaisonen duerno (2013, 2014 an 2015) gouf fir d'LuxairTours Destinatiounen eng gelount Boeing 737-800 (F-HJUL) vun der XL Airways France agesat.[27]

Der Luxair hir éischt eege Boeing 737-800 (LX-LGU) ass den 11. Dezember 2012 zu Lëtzebuerg gelant, déi zweet (LX-LGV) koum dunn den 22. Januar 2014 an déi drëtt (LX-LBA) de 25. Februar 2015. Am Hierscht vum selwechte Joer huet d'Luxair sech eng véiert eege Maschinn ugeschaaft, fir net all Joer nees missen e Fliger ze lounen. D'D-ABMZ vun der Air Berlin (déi do awer wéinst Ëmstrukturéiere vun der Flott ni am Asaz war) koum am Oktober 2015 op Lëtzebuerg a gouf ënnert LX-LBB registréiert.[28]

Tëscht 2014 an 2017 goufen nach follgend Bombardier Q400 geliwwert: LX-LQA (31.03.2014), LX-LQB (07.12.2015), LX-LQC (15.12.2015),LX-LQD (24.05.2016), LX-LQI (23.09.2016) an LX-LQJ (02.08.2017)[29].

Den 21. Oktober 2015 huet Luxair mat der Fluchverbindung op Frankfurt opgehalen. De leschte Fliger, d'Embraer ERJ-145 LX-LGZ ass um 22:00 um Findel gelant. D'Fluchverbindung mat Frankfurt huet zanter dem 2. Abrëll 1962 bestanen[30].

Wärend der Covid-Pandemie huet d'Luxair Upassungen an der Zesummesetzung vun der Flott misse maachen. Wéinst der niddereger Demande a fir Käschten ze spuere goufen deemno verschidde Fligeren ofgeschaaft an zwou Boeing 737-8 geleaset fir méi flexibel op d'Demande kënnen ze reagéieren. Trotz der Pandemie goufe Commandë fir véier Boeing 737-7 a véier Embraer E195-E2 gemaach[31][32].

Luxair huet nach weiderhin an d'Moderniséierung vun hirer Flott investéiert a sou goufen 2023 zwou Boeing 737-8 geleaset, iwwerdeems eng Commande gemaach gouf fir véier Embraer E2 an aacht Boeing B737 vun der neier Generatioun, déi nom Enn vun 2025 solle geliwwert ginn. Nei am Streckeplang koumen d'Destinatioune Pescara, Ljubljana, Mailand Linate, Praia a La Palma bäi. Trotz de wirtschaftlechen Erausfuerderungen huet d'Luxair d'Geschäftsjoer 2023 mat engem konsolidéierten operative Benefice vu 6,7 Milliounen Euro ofgeschloss, eng däitlech Besserung géintiwwer der annerhallwer Millioun Euro am Joer virdrun.[33]

De 15. Abrëll 2024 huet d'Luxair hire Geschäftsberäich vum Cargo Handling (assistance en escale en matière de cargo) un d'Firma Luxcargo Handling iwwerschriwwen[34], nodeems déi am Dezember 2023 eng vun den zwou Lizenzen fir de Gidderëmschlag am Lëtzebuerger Cargocenter vum Mobilitéitsministere zougestane krut[35].

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
Luxair Generaldirekteren
Vu(n) Bis CEO
1961 1998 Roger Sietzen[36]
1998 2005 Jean-Donat Calmes[37]
2000 2005 Christian Heinzmann[38]
2005 2020 Adrien Ney
2020 Gilles Feith
Luxair Presidenten
Vu(n) Bis President CA
1961 1981 Gust Graas[39]
???
1998 2001 Roger Sietzen
2001 2004 Alain Georges[40]
2004 2012 Marc Hoffmann[41]
2012 2019 Paul Helminger
2019 Giovanni Giallombardo[42]

Aktionariat a Bedeelegungen[43]

[änneren | Quelltext änneren]

D'Aktionäre vun der Luxair sinn:

D'Luxair ass hirersäits u follgenden Entreprise bedeelegt:

Firmefaarf a Corporate Identity

[änneren | Quelltext änneren]
Den alen…
an den neie Logo mam Schrëftzuch

Déi éischt eege Fokker vun der Luxair (LX-LGA) déi am Mee 1963 geliwwert gouf, war wäiss mat donkelbloe Sträifen an engem donkelbloe Schwanz. 1964 gouf se op den Numm Prince Henri gedeeft an déi blo Faarf gouf iwwer d'ganz Längt, op der Héicht vun de Fënsteren, mat enger turquoiser Sträif ersat. Um Schwanz krut se och de ronnen, turquoise Logo mam stiliséierte Pabeierfliger. Vun ongeféier 1970 u gouf de Schwanz turquoise ugestrach, mat engem wäisse Logo drop. Vereenzelt (op der Boeing LX-OOO) war um turquoise Schwanz e wäisse Rondel mat engem schwaarze Logo drop[44].

1987 ass de rout-wäiss-bloe Fändel vu Lëtzebuerg op d'Fligere gemoolt ginn, 1989 koum nach eng Schrëft fir den 150. Joresdag vun der Onofhängegkeet an 1990 den Europafändel derbäi.[45]

Am Joer 2003 huet d'Luxair sech eng nei Corporate Identity ginn andeems de Luxair-Schrëftzuch méi grouss gemaach gouf, zousätzlech „Luxembourg Airlines“ derbäikoum an och de Logo um Schwanz manner eckeg gemaach gouf. De Spëtznumm Eurojet fir d'Embraer ERJ-145 gouf einstweilen dropgelooss[46].

De 7. Juni 2007 gouf den iwwerschaffte Layout virgestallt: de Schwanz ass vun do un an de Landesfaarwe rout-wäiss-blo ugestrach, de Firmennumm gëtt nees méi kleng geschriwwen a just den éischte Buschtaf ass eng Majuskel. Den éischte Fliger an den neie Faarwen, eng Bombardier Q400, ass awer schonn eng Woch virdrun, den 31. Mee 2007 um Findel gelant. Zënter datt den 2007er Layout am Gebrauch ass, huet kee Luxair-Fliger méi en „Dafnumm“[47].

Vun 2020 u krute vereenzelt Fligeren e personaliséierten Design:

  • LX-LQA an LX-LGU: zënter Okt. 2020 am Design vum Graffiti-Kënschtler Sumo[48]
  • LX-LGE: vun November 2020 bis Juni 2021: Schrëftzuch #LuxairStandsUp
  • LX-LQC: vu Juni 2021 bis Dezember 2022: Design „be pride, be Luxembourg“
  • LX-LQJ: vu September 2022 bis Februar 2024: Design „Think Pink“ vun der Kënschtlerin Lisa Junius am Kader vun der Broschtkriibs-Sensibilisatioun[49]
  • LX-LBA: November 2021 bis … [Wéini ?]: Design „Esch 2022 - europäesch Kulturhaaptstad“ vun der Kënschtlerin Lynn Cosyn
  • LX-LGV: speziellen Design vum Marco Weiten am Kader vum 60. Anniversaire vun der Luxair[50]

Am Kader vun der Lëtzebuerger EU-Presidence 2015 kruten d'Fligeren den deementspriechende Schrëftzuch drop gepecht. 2016 war et „Global - Smart - Solid“ (Luxembourg for Finance) an 2017 „Let's make in Happen“ respektiv „Luxembourg - connecting you with financial expetise“[51].

Passagéierzuelen

[änneren | Quelltext änneren]

Am d'Joer 1977 huet d'Luxair 265.000 Passagéier gezielt.[8]

2018 huet d'Luxair 2.132.426 an am Joer 2019 2.148.098 Passagéier transportéiert. Déi duerchschnëttlech Auslaaschtungsquot vun alle Flich louch bei 71,6 %. D'Flott war an deem Zäitraum am Ganzen 51.052 Stonne geflunn. Fir d'Luxair-Grupp hunn dat Joer ronn 2.800 Leit geschafft. D'Gesellschaft konnt sou um Enn vum Joresbilan e positiivt Netto-Resultat mat engem Total vun 9,458 Mio. Euro verbuchen.

Am Joer 2019 goufen 2.148.098 Passagéier op de Linnen- a Vakanzeflich vun der Luxair transportéiert[52]. 2020 gouf et wéinst der Covid-19-Pandemie en drastesche Réckgang. Am éischte Semester 2021 goufen 42 % manner Passagéier transportéiert wéi am Pandemie-Joer 2020. Vun 2022 u sinn d'Zuelen nees erop gaangen.

2023 huet d'Gesellschaft méi wéi 2,5 Millioune Passagéier transportéiert[33].

D'Fokker 50 LX-LGB am Joer 1992 um Findel; de Fliger ass de 6. November 2002 erofgefall
  • Den 22. Dezember 1969 ass de Vol vu Frankfurt am Main bei der Landung um Findel vun der glëtscheger Pist ofkomm a schliisslech an enger Schnéiwick mat gebrachenem viischten Train un d'Hale komm. Glécklecherweis sinn d'Passagéier an d'Crew mam Schreck dovukomm, mä de Fliger, eng Vickers Viscount, LX-LGC, hat nëmmen nach Schrottwäert[53].
  • De 6. November 2002 um 10:05 koum et zu engem schlëmmen Accident. Eng Fokker 50, LX-LGB, déi vu Bern Berlin-Tempelhof koum, ass an engem décke Niwwel an engem Feld bei Nidderaanwen erofgefall wéi se kuerz virum Fluchhafe Lëtzebuerg ukomm ass. Bei deem Ongléck sinn 20 Mënschen ëmkomm, dorënner de Lëtzebuerger Moler Michel Majerus: nëmmen e franséische Passagéier an de Fluchkapitän hunn den Accident mat schwéiere Blessuren iwwerlieft[54][55].

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Luxair Fluch 9642 .

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Luxair Fluch 8852 .

Nom Crash vum Fluch 9642
  • Den 30. September 2015 ass eng Bombardier Dash 8 Q400 mat der Kennung LX-LGH vum Fluch LG9562 beim Start vum Fluchhafe Saarbrécken verongléckt. D'Maschinn koum vun Hamburg a sollt no der plangméisseger Tëschelandung op Lëtzebuerg weiderfléien. Wärend dem Start koum et duerch e Feeler vun der Kopilotin[57] zu engem Ofbroch vun der Startprozedur an de Fliger ass kuerz drop op der Startbunn opgeschloen a virugerëtscht bis e stoe bliwwen ass. Kee vun de 16 Passagéier an de 4 Membere vun der Crew gouf blesséiert, awer de Fliger war staark beschiedegt[58],[59][60].

Flott vun der Luxair

[änneren | Quelltext änneren]

Aktuell Flott

[änneren | Quelltext änneren]
Registréiert Fligeren (Stand: August 2024)
[A]
Foto
[B]
Immatr.
[C]
Constructeur
[D]
Typ
[E]
Famill
[F]
Motoren
[G]
Plazen[61]
[H]
Mëttel Vitess [km/h]
[I]
Längt [m]
[J]
Héicht [m]
[K]
Spanwäit [m]
[L]
Baujoer
[M]
Asaz Luxair
[N]
Bemierkung
[O]
Referenz

(fir d'Kolonnen L, M, N)

LX-LGE Bombardier Q400 DHC-8-Q402 2x Turboprop PWC PW150A 76 667 32,83 8,34 28,42 12/2009 12/2009 Opschrëft "#LuxairStandsUp" vun Nov. 2020 bis Jun. 2021 [1]
LX-LGF Bombardier Q400 DHC-8-Q402NextGen 2x Turboprop PWC PW150A 76 667 32,83 8,34 28,42 11/2010 02/2011 Opschrëft "Esch-sur-Sûre" zënter Jan. 2024 [2]
LX-LGG Bombardier Q400 DHC-8-Q402NextGen 2x Turboprop PWC PW150A 76 667 32,83 8,34 28,42 06/2012 08/2012 [3]
LX-LGM Bombardier Q400 DHC-8-Q402NextGen 2x Turboprop PWC PW150A 76 667 32,83 8,34 28,42 09/2012 12/2012 [4]
LX-LGN Bombardier Q400 DHC-8-Q402NextGen 2x Turboprop PWC PW150A 76 667 32,83 8,34 28,42 09/2012 12/2012 [5]
LX-LQA Bombardier Q400 DHC-8-Q402NextGen 2x Turboprop PWC PW150A 76 667 32,83 8,34 28,42 03/2014 03/2014 speziellen Ustrach vum Graffiti-Kënschtler Sumo zënter Okt. 2020 [6]
LX-LQB Bombardier Q400 DHC-8-Q402NextGen 2x Turboprop PWC PW150A 76 667 32,83 8,34 28,42 11/2015 12/2015 [7]
LX-LQC Bombardier Q400 DHC-8-Q402NextGen 2x Turboprop PWC PW150A 76 667 32,83 8,34 28,42 12/2015 12/2015 speziellen Ustrach "be pride, be Luxembourg" Jun. 2021 - Dez. 2022 [8]
LX-LQD Bombardier Q400 DHC-8-Q402NextGen 2x Turboprop PWC PW150A 76 667 32,83 8,34 28,42 04/2016 05/2016 [9]
LX-LQI Bombardier Q400 DHC-8-Q402NextGen 2x Turboprop PWC PW150A 76 667 32,83 8,34 28,42 09/2016 09/2016 [10]
LX-LQJ Bombardier Q400 DHC-8-Q402NextGen 2x Turboprop PWC PW150A 76 667 32,83 8,34 28,42 07/2017 08/2017 speziellen Ustrach (Sep. 2022 - Feb. 2024) "Think Pink" vun der Kënschtlerin Lisa Junius

am Kader vun der Broschtkriibs Sensibilisatioun

[11]
LX-LBA Boeing 737-800 B737-8C9 WIN 2x CFMI 56-7BE 186 853 39,50 12,58 35,79 02/2015 02/2015 speziellen Ustrach an de Faarwe vun der europäescher Kulturhaaptstad "ESCH 2022" am Nov.2021; nei Configuratioun "C12Y156" am Jan. 2022 [12]
LX-LBB Boeing 737-800 B737-86J WIN 2x CFMI 56-7BE 186 853 39,50 12,58 35,79 03/2015 10/2015 virdrun: Air Berlin (D-ABMZ) [13]
LX-LBK Boeing 737 MAX 8 B737-8 2x CFMI LEAP-1B27 186 853 39,47 12,45 35,92 04/2018 09/2023 virdrun: Air Italy (EI-GFY); viraussiichtlech bis Enn 2027 geleast [14]
LX-LBL Boeing 737 MAX 8 B737-8 2x CFMI LEAP-1B27 186 853 39,47 12,45 35,92 10/2018 06/2023 virdrun: Air Italy (EI-GGL); viraussiichtlech bis Enn 2027 geleast [15]
LX-LBR Boeing 737-700 B737-7K2 WIN 2x CFMI 56-7BE 141 853 33,60 12,58 35,79 07/2008 05/2019 virdrun: KLM (PH-BGD) [16]
LX-LBT Boeing 737-700 B737-7K2 WIN 2x CFMI 56-7BE 141 853 33,60 12,58 35,79 08/2008 05/2019 virdrun: KLM (PH-BGE) [17]
LX-LGQ Boeing 737-700 B737-7C9 WIN 2x CFMI 56-7BE 141 853 33,60 12,58 35,79 01/2004 02/2004 [18]
LX-LGS Boeing 737-700 B737-7C9 WIN 2x CFMI 56-7BE 141 853 33,60 12,58 35,79 01/2005 01/2005 [19]
LX-LGU Boeing 737-800 B737-8C9 WIN 2x CFMI 56-7BE 186 853 39,50 12,58 35,79 10/2012 12/2012 speziellen Ustrach vum Graffiti-Kënschtler Sumo [20]
LX-LGV Boeing 737-800 B737-8C9 WIN 2x CFMI 56-7BE 186 853 39,50 12,58 35,79 01/2014 01/2014 speziellen Ustrach am Kader vum 60. Anniversaire vun der Luxair [21]

Fligeren a Bestellung

[änneren | Quelltext änneren]
Fligeren a Bestellung (Stand: August 2024)
Symbolfoto Bestallt Optioun Constructeur Typ Famill Motoren Plazen Mëttel Vitess [km/h] Bemierkung
Eng Boeing 737 Max-7
Eng Boeing 737 Max-7
4 0 Boeing 737 MAX 7 2x CFMI LEAP-1B 160 853
Eng Boeing 737 MAX 8 vun der Ryanair
Eng Boeing 737 MAX 8 vun der Ryanair
4 2 Boeing 737 MAX 8 2x CFMI LEAP-1B 186 853 2 Optioune sinn den 28. Abrëll 2023 confirméiert ginn a solle bis Enn 2027 ausgeliwwert ginn
Eng Boeing 737 MAX 10
Eng Boeing 737 MAX 10
2 2 Boeing 737 MAX 10 2x CFMI LEAP-1B 213 853
Eng Embraer 195-E2 vun der Helvetic
Eng Embraer 195-E2 vun der Helvetic
4[62] 5 Embraer ERJ 190-400 E195-E2 Pratt & Whitney PW1900G 136 873

Fréier Fligeren

[änneren | Quelltext änneren]
Historesch Flott (Stand: August 2024)[63]
Foto Immatr. Constructeur / Typ Vu(n) Bis Duerno Bemierkung
LX-LAA Douglas DC-3 1948 Echternach
LX-LAB Douglas DC-3 Esch-Alzette
LX-LAA Curtiss C-46
LX-LGA Fokker F-27 Friendship 07.05.1963 Prince Henri
LX-LGB Fokker F-27 Friendship 26.02.1965 Prince Jean
LX-LGC Vickers Viscount Abr. 1966 Dez. 1966 gelount vun Hawker Siddeley Aviation
LX-LGD Fokker F-27 Friendship Sep. 1967 Princesse Margaretha
LX-LGE Sud Aviation Caravelle Mäe. 1970
LX-LGF Sud Aviation Caravelle 1972
LX-LGG Sud Aviation Caravelle 1972
LX-LGH Boeing 737-2C9(A) 02.12.1977 05.03.1993 RA-73000 Transaero Airlines Prince Guillaume
LX-LGI Boeing 737-2C9(A) 20.04.1978 05.03.1993 RA73001 Transaero Airlines Princesse Marie Astrid
ZS-SPA Boeing 747SP-44 Okt.80 Jan.81 ZS-SPA South African Airways geleaset vun: South African Airways
ZS-SPF Boeing 747SP-44 Okt.80 Dez.80 ZS-SPF South African Airways geleaset vun: South African Airways
LX-LGP Airbus A300B4-203 19.12.1984 20.12.1987 ZS-SDI South African Airways
LX-OOO Boeing 737-229(A) Jan.85 1 Mar 1985 OO-SBS Sobelair geleaset vun: Sobelair wärend d'Boeingen LX-LGH an -LGI noeneen a Revisioun waren
LX-LGX Boeing 747SP-44 01.11.1987 Apr.94 ZS-SPB South African Airways geleaset vun: South African Airways
LX-LGN Boeing 737-229(A) 04.01.1988 01.03.1992 OO-SDA Sobelair (virdrun an duerno) geleaset vun: Sabena
LX-LGC Fokker 50 (F27 Mark 050) 03.11.1989 Mär.05 SE-LJG Skyways Express Prince Guillaume
LX-LGD Fokker 50 (F27 Mark 050) 06.12.1989 Feb.05 SE-LJH Skyways Express Prince Félix
LX-LGE Fokker 50 (F27 Mark 050) 30.03.1990 06.03.2005 SE-LJI Amapola Prince Louis
LX-LGB Fokker 50 (F27 Mark 050) 18.06.1991 06.11.2002 bei Nidderaanwen erofgefall an ofgeschriwwen
LX-LGO Boeing 737-5C9 08.01.1993 07.12.2006 un déi jordanesch Charterfluchgesellschaft Jordan Aviation verkaaft, déi en am Mäerz 2007 un d'Alexandria Airlines op Alexandria an Egypte weidergereecht huet. D'Immatrikulatioun war fir d'éischt JY-JA1 an duerno SU-KHM ginn[64] Château de Clervaux
LX-LGP Boeing 737-5C9 16.03.1993 Feb.10 den 23. August 2010 op MST (Maastricht) geflunn, wou en d'Lackéierung vun der Georgian International Airlines aus Georgien, krut an als 4L-AJA nei immatrikuléiert ginn ass[65]. Château de Bourglinster
LX-LGR Boeing 737-528 18.08.1995 16.06.2000 G-GFFE British Airways geleaset
LX-LGS Boeing 737-528 15.09.1995 05.10.2000 G-GFFI British Airways Château de Schengen, geleaset
LX-LGK Embraer EMB-120ER Brasilia Apr.97 Mär.99 LX-LGK Regional Airlines
LX-LGL Embraer EMB-120ER Brasilia Apr.97 30.09.1998 LX-LGL Flandre Air
LX-LGM Embraer EMB-120ER Brasilia Apr.97 31.10.1998 LX-LGM Flandre Air
LX-LGT Embraer ERJ-145EP 25.08.1998 02.10.2001 3C-QQH Ecuato Guineana de Aviacion
LX-LGU Embraer ERJ-145EP 07.10.1998 10.10.2007 N500DE JSS - Jet Sales of Stuart Prince Sébastien
LX-LGX Embraer ERJ-145LU 23.01.1999 19.10.2016 F-HRAV Regourd Aviation (2017-2019), F-HRAV Amelia International (2019-)
LX-LGF Boeing 737-4C9 04.03.1999 Mai.04 LX-LGF Blue Panorama Airlines
LX-LGG Boeing 737-4C9 22.03.1999 15.07.2004 EI-DGM Blue Panorama Airlines
LX-LGV Embraer ERJ-145LU 22.04.1999 21.03.2007 N138DE Champion Air, fir d'US Motorsportecurie Dale Earnhardt[66]
LX-LGW Embraer ERJ-145LU 20.05.1999 30.10.2015 S5-ACJ Aero4M (2016-2019), S5-ACJ Amelia International (2019-)
LX-LGY Embraer ERJ-145LU 30.03.2000 16.08.2015 ZS-BBD Solenta Aviation
LX-LGZ Embraer ERJ-145LU 08.05.2000 21.10.2016 F-HRAM Regourd Aviation (2017-2019), F-HRAM Amelia International (2019-)
LX-LGI Embraer ERJ-145LU 12.01.2001 31.01.2016 F-HRGD Regourd Aviation
LX-LGJ Embraer ERJ-145LU 13.03.2001 01.07.2015 ZS-BBC Solenta Aviation
LX-LGN Boeing 737-59D 23.03.2001 08.04.2005 OK-WGD Czech Airlines (CSA). D'CSA huet en dunn am Juni 2008 un déi russesch Aeroflot-Nord, déi neierdéngs Nordavia heescht weiderverkaaft (VP-BKP)[67],[68]. geleaset
LX-LGR Boeing 737-7C9(WL) 17.03.2004 11.06.2014 verschrott
LX-LGK Embraer ERJ-135LR 28.01.2005 Aug.11 F-HTOP Regourd Aviation
LX-LGL Embraer ERJ-135LR 28.02.2005 09.01.2012 F-WTAH (onbekannt)
LX-LGA Bombardier DHC-8-402Q Dash 8 28.05.2007 01.01.2013 VP-BOS Yakutia Airlines
LX-LGC Bombardier DHC-8-402Q Dash 8 19.06.2007 22.09.2012 VP-BKD Yakutia Airlines
LX-LGD Bombardier DHC-8-402Q Dash 8 04.09.2007 15.04.2013 VP-BNU Yakutia Airlines
LX-LGT Boeing 737-8K5(WL) 24.11.2009 06.01.2013 EI-RUH Transaero Airlines, (2013-2015), G-DRTE Jet2.com (2018-)
D-AXLK Boeing 737-86J(WL) 28.03.2012 12.11.2012 D-AXLK XL Airways Germany geleaset vun: XL Airways Germany
LX-LGH Bombardier DHC-8-402Q Dash 8 04.10.2012 30.09.2015 amortiséiert
F-HJUL Boeing 737-8Q8(WL) 02.04.2015 09.11.2015 F-HJUL XL Airways France (2015-2016), HL8086 T'way Airlines (2016-) Am Summer 2013, 2014 an 2015 geleaset vun: XL Airways France
S5-AAZ Bombardier CRJ-701ER (CL-600-2C10) 01.01.2018 20.09.2019 S5-AAZ Adria Airways geleaset vun: Adria Airways
D-ACJJ Embraer ERJ-190LR (ERJ-190-100 LR) 12.05.2022 06.11.2023 D-ACJJ German Airways geleaset vun: German Airways
D-AJHW Embraer ERJ-190LR (ERJ-190-100 LR) 26.03.2023 07.11.2023 D-AJHW German Airways geleaset vun: German Airways

Do dernieft huet d'Luxair ënner anerem follgend Fligeraarte benotzt:[69]

  • Boeing 707-344B/C
  • Boeing 767-300ER
  • Douglas DC-4
  • Fairchild Swearingen Metro
  • Lockheed L-1649A Starliner
  • Braun, Serge. Flughafen | Aéroport | Airport Findel – Passagierfluggesellschaften und ihre Flugzeuge: 1937-2017 | Compagnies aériennes et leurs avions: 1937-2017 | Passenger airlines and their planes: 1937-2017. Luxembourg, 2017. Print. (de)(fr)(en) ISBN 978-99959-934-3-6
Commons: Luxair – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Aktuell Luxair Fligeren – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Fréier Luxair Fligeren – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. esou am Handelsregëster ënnert B4109 agedroen
  2. Gilles Feith am Verwaltungsrot als neie Generaldirekter genannt ginn rtl.lu 12.05.2020 17:11
  3. (fr)Modification non statutaire des mandataires – Directeur général / Comité de direction. lbr.lu/. Gekuckt de(n) 31.08.2020.
  4. Ronne Gebuertsdag: Viru 60 Joer hat d'Luxair hiren éischte Fluch. www.rtl.lu (04.04.2022). Gekuckt de(n) 07.04.2022.
  5. 5,0 5,1 Braun, Serge. Passagierfluggesellschaften und ihre Flugzeuge: 1937-2017, S. 34
  6. idem, S. 35-39
  7. idem, S. 40
  8. 8,0 8,1 8,2 idem, S. 41
  9. Trente ans de vie à bord, in Flydoscope Nr 1 2005, Säit 6-7
  10. Braun, Serge. idem, S. 44-46
  11. idem, S. 47
  12. idem, S. 52
  13. ënnert B15770 am Handelsregëster agedroen
  14. ënnert B24745 am Handelsregëster agedroen
  15. Braun, Serge. idem, S. 60-62
  16. 16,0 16,1 idem, S. 65-69
  17. idem, S. 72
  18. idem, S. 78-82
  19. idem, S. 76
  20. idem, S. 85
  21. idem, S. 63
  22. idem, S. 89-91
  23. idem, S. 92-94
  24. idem, S. 96-98
  25. wort.lu | Artikel | Fluggeschäft weiter mit Verlust. web.archive.org (05.07.2011) Archivéiert de(n) 05.07.2011. Gekuckt de(n) 12.01.2023.
  26. wort.lu | Artikel | Luxair: Fluggeschäft bereitet Sorgen. web.archive.org (10.07.2011) Archivéiert de(n) 10.07.2011. Gekuckt de(n) 12.01.2023.
  27. Braun, Serge. idem, S. 116-117
  28. idem, S. 118-123
  29. idem, S. 100-102
  30. Ende einer Luxair-Strecke: Letzter Aufruf nach Frankfurt op wort.lu vum 21. Oktober 2015
  31. (en)Luxair Selects Boeing 737-7 To Grow Single-Aisle Fleet. MediaRoom (21.06.2023). Gekuckt de(n) 31.08.2024.
  32. (en)New destinations and aircraft for Luxair. en.paperjam.lu. 05.01.2024. Gekuckt de(n) 31.08.2024.
  33. 33,0 33,1 (en)2023 Annual report « Full Throttle – The story of a year like no other » – 2023, a year like no other. luxair.lu/ (14.05.2024). Gekuckt de(n) 31.08.2024.
  34. (fr)B4109 – transfert de patrimoine professionnel, d'actifs, de branche d'activité. lbr.lu (15.04.2024). Gekuckt de(n) 31.08.2024.
  35. (fr)Attribution des licences d'assistance en escale cargo. gouvernement.lu. fr (05.12.2023). Gekuckt de(n) 31.08.2024.
  36. (fr)Quand Luxair passe à l’heure belge. paperjam.lu. Gekuckt de(n) 01.09.2024.
  37. (fr)Direction de Luxair: Jean-Donat Calmes succède à Roger Siet-en. agefi.lu (02.02.1998). Gekuckt de(n) 31.08.2024.
  38. (fr)Christian Heinzmann est décédé. Virgule (2024-09-01). Gekuckt de(n) 01.09.2024.
  39. (fr)Gust Graas, ex-patron de RTL et de Luxair, est décédé. paperjam.lu. Gekuckt de(n) 01.09.20241.
  40. (fr)C.A. de Luxair: Alain Georges succède à Roger Sietzen. agefi.lu (06.2001). Gekuckt de(n) 31.08.2024.
  41. (fr)Marc Hoffmann quitte Luxair. paperjam.lu. Gekuckt de(n) 31.08.2024.
  42. Giovanni Giallombardo nouveau Président du Conseil d’administration - Merkur - CorporateNews. www.corporatenews.lu. Gekuckt de(n) 31.08.2024.
  43. (de)Unternehmen. www.luxair.lu. Gekuckt de(n) 28.04.2024.
  44. Braun, Serge. idem, S. 46
  45. idem, S. 48
  46. idem, S. 84
  47. idem, S. 113
  48. (de)Sumo Luxair. www.luxair.lu. Gekuckt de(n) 28.08.2024.
  49. (de)Pink october. www.luxair.lu. Gekuckt de(n) 28.08.2024.
  50. (de)Flyingisanart. www.luxair.lu. Gekuckt de(n) 28.08.2024.
  51. Braun, Serge. idem, S. 102
  52. "Ticker." d'Lëtzebuerger Land Nr.6, 8. Februar 2019, S.7.
  53. Aviation Safety Network (en)
  54. Portail TRANSPORTS - Luxembourg. transports.public.lu. Gekuckt de(n) 13.01.2023.
  55. (en)Accident Fokker 50 LX-LGB, Wednesday 6 November 2002. asn.flightsafety.org. flightsafety.org. Gekuckt de(n) 01.09.2024.
  56. (en)Runway excursion Accident Embraer ERJ-145LU LX-LGZ, Wednesday 24 September 2003. asn.flightsafety.org. flightsafety.org. Gekuckt de(n) 01.09.2024.
  57. Co-Pilotin der Luxair für Bauchlandung verantwortlich op wort.lu vum 17. November 2015
  58. Abbruch in einer kritischen Phase op wort.lu vum 30. September 2015
  59. http://www.aerotelegraph.com/offene-fragen-bauchlandung-luxair-flughafen-saarbruecken
  60. (en)Accident de Havilland Canada DHC-8-402Q Dash 8 LX-LGH, Wednesday 30 September 2015. asn.flightsafety.org. flightsafety.org. Gekuckt de(n) 01.09.2024.
  61. (fr)Quell: Notre flotte. www.luxair.lu. Gekuckt de(n) 26.08.2024.. "gëllt fir d'Kolonnen G–K"
  62. (en)Luxair orders four Embraer E195-E2. Embraer (11.10.2023). Gekuckt de(n) 27.08.2024.
  63. (en)Luxair Fleet Details and History. planespotters.net. Gekuckt de(n) 27.08.2024.
  64. planesregister.com (en) Archivéiert de(n) 14.01.2012. Gekuckt de(n) 07.10.2010.
  65. planespotters.net (en) Archivéiert de(n) 24.05.2011. Gekuckt de(n) 06.10.2010.
  66. airliners.net (en)
  67. planesregister.com (en) Archivéiert de(n) 14.01.2012. Gekuckt de(n) 07.10.2010.
  68. planespotters.net (en) Archivéiert de(n) 04.02.2011. Gekuckt de(n) 07.10.2010.
  69. Airfleets aviation. www.airfleets.net. Gekuckt de(n) 13.01.2023.