Saint-Hubert (Belsch)
Ausgesinn
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Saint-Hubert an der belscher Provënz Lëtzebuerg. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Saint-Hubert. |
Saint-Hubert | |
---|---|
Land | Belsch |
Regioun | Wallounien |
Communautéit | Franséisch Communautéit |
Provënz | Lëtzebuerg |
Arrondissement | Neuf-Château |
Awunner | 5.571 (1. Januar 2018) |
Fläch | 11.116 |
Koordinaten |
50° 01’ 32’’ N 05° 22’ 27’’ O |
Telefonszon | 084 / 061 |
Postcode | 6870 |
Websäit | https://www.saint-hubert.be |
Saint-Hubert ass eng Stad a Gemeng an der belscher Provënz Lëtzebuerg.
Saint-Hubert ass nom Hellegen Hubert, dem Patréiner vun de Jeeër, benannt. Ronderëm leie grouss Bëscher, an den Tourismus ass d'Haaptwirtschaftsaktivitiéit.
Aner Uertschaften an der Gemeng
Arville, Awenne, Hatrival, Mirwart a Vesqueville.
Kuckeswäertes
Zu Saint Hubert ass d'Basilika Péiter a Paul (11.-18. Joerhonnert), de Palais vum Abbé an d'Kierch St. Gilles derwäert, gesinn ze ginn.
Un den Uwänner vun der Masblette, läit d'Schmelz Fourneau St. Michel, e Musée iwwer d'virindustriell Eiseveraarbechtung, an e Fräiliichtmusée iwwer déi verschidden traditionnell Architekturstiler bei de Bauerenhaiser. Zu Mirwart steet e Schlass.
Um Spaweck
Commons: Saint-Hubert – Biller, Videoen oder Audiodateien |