[go: nahoru, domu]

Op den Inhalt sprangen

Kräizbeen

Vu Wikipedia
D'Kräizbeen (rout) am Skelett vum Mënsch.

D'Kräizbeen (lat.: os sacrum) ass eng Schank a Form vun engem Käil am Kierper vun de Landwierbeldéieren. E besteet aus fënnef Wierbelen, déi Kräizbeewierbelen, respektiv Sakralwierbele genannt ginn. Si si bei der Gebuert separat a just mat Knorpel verbonnen, a verschmëlze beim Eruwuesse mateneen.

D'Kräizbeen ass Deel vun der Wierbelsail a bilt den hënneschte Deel vum Becken. Kaudal, dat heescht bei den Déieren no hannen a beim Mënsch no ënnen, schléisst d'Kräizbeen un d'Krippchen, respektiv d'Schwanzwierbelsail un.

Wéinst senger kompakter Struktur a senger Schankemass si Frakture vum Kräizbeen seelen. Si trieden meescht als Deel vun enger méi komplexer Beckefraktur op.[1]

Commons: Kräizbeen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. DocCheck Flexikon: Os sacrum