Solveig Dommartin
Solveig Dommartin | |
---|---|
Gebuertsnumm | Solveig Danièle Jeanne Dommartin |
Gebuer |
16. Mee 1961 Constantine |
Gestuerwen |
11. Januar 2007 11. Arrondissement |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Schauspiller, Dréibuchauteur, Filmschauspiller, Filmregisseur, Filmediteur |
D'Solveig Dommartin, gebuer den 29. Juli 1958 zu Paräis, a gestuerwen den 11. Januar 2007, war eng franséisch Schauspillerin, Filmregisseurin an Dréibuchautorin.
D'Solveig Dommartin huet hir Schauspillercarrière bei der "Compagnie Timothee Laine" an am "Theater Labor Warschau" ugefaangen. Hir éischt Filmexperienzen huet se als Assistentin vum Jacques Rozier gesammelt. Hir éischt Filmroll hat s'am Wim Wenders sengem Der Himmel über Berlin.
Duerno huet se ë. a. an anere Filmer vum Wenders, mat deem se och privat zesumme war, gespillt: In weiter Ferne so nah a Bis ans Ende der Welt, dee se mat him zesumme geschriwwen hat.
1998 huet se Regie am Film If There Were a Bridge gefouert.
D'Solveig Dommartin ass mat nëmmen 48 Joer un engem Häerzinfarkt gestuerwen.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]als Schauspillerin
[änneren | Quelltext änneren]- 1987: Der Himmel über Berlin - Regie: Wim Wenders - Haaptacteuren: Bruno Ganz, Otto Sander, Peter Falk
- 1989: Je t'ai dans la peau - Regie: Jean-Pierre Thorn
- 1990: The Prisoner of St. Petersburg - Regie: Ian Pringle
- 1990: S'en fout la mort - Regie: Claire Denis - Haaptacteuren: Isaach De Bankolé, Christopher Buchholz, Jean-Claude Brialy
- 1991: Bis ans Ende der Welt - Regie: Wim Wenders - Haaptacteuren: Eddy Mitchell, William Hurt, Sam Neill
- 1993: In weiter Ferne, so nah! - Regie: Wim Wenders - Haaptacteuren: Otto Sander, Bruno Ganz, Nastassja Kinski
- 1994: J'ai pas sommeil - Regie: Claire Denis - Haaptacteuren: Béatrice Dalle, Line Renaud, Laurent Grévill
- 1995: Navarro - (TV-Serie) - Episoden: L'ombre d'un père a Sentiments mortels
- 1996: Commandant Nerval - (TV-Serie) - Episod: A qui profite le crime?
- 1997: Eiffel Tower Trilogy: Height, Weight & Gravity - Regie: Pan Nalin - (Kuerzfilm)
als Regisseurin
[änneren | Quelltext änneren]- 1997: Il suffirait d'un pont - Haaptacteuren: Romane Bohringer, Catherine Frot - (Kuerzfilm)
als Dréibuchautorin
[änneren | Quelltext änneren]- 1991: Bis ans Ende der Welt - Regie: Wim Wenders